Office national de l’enfance
Schutz an Ënnerstëtzung fir Kanner, Jugendlecher a Famillen
Mat der Hëllef vun eisen interdisziplinäre Spezialisten, sti mir, am ganze Land op der Säit vun de Kanner, de Jugendlechen an de Famillen a proposéieren Hëllefsmoossname fir d'Wuel vum Kand ze schützen. Mat eisen Aktiounen, viséiere mir eng fräiwëlleg Kollaboratioun mat de Famillen, an deem mir si aktiv begleeden, Schrëtt fir Schrëtt, fir gemeinsam d'Zieler ze erreechen.

Wat ass den ONE?
Den Office national de l'enfance steet Iech zur Säit: mir schützen an hëllefen de Kanner, Jugendlechen, jonken Erwuessenen an de Famillen déi Schwieregkeete begéinen.
Mir lauschteren Iech no, mat Versteestemech an Empathie, fir all Aart vu Familljeprobleemer.
Duerch eis verschidde Missiounen, viséiere mir virun allem d'Wuel vum Kand ze schützen. Mir suergen eis ëm déi emotional a physesch Stabilitéit, an deem mir eng Hëllef proposéieren, déi un déi individuell Situatioun vun de Famillen ugepasst ass.
Vous pouvez consulter notre nouvelle brochure ici. Vous y trouverez des informations en français, luxembourgeois, anglais et portugais.
Eis Missiounen hunn zum Ziel:
- all Menace géint déi physesch, mental, psychesch a sozial Entwécklung vum Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessene verhënneren
- d’Kand vun all physescher a moralescher Gefor schützen
- de Risk vun sozialer a professionneler Exklusioun vermeiden
Eis Aarbecht baséiert sech an éischter Linn op de Prinzippie vun der Präventioun, der Protektioun, der Hëllef an der Ënnerstëtzung.
Mir viséiere primär d'Kooperatioun mat de Famillen, en vue vu Léisungen déi en positiven a laangfristegen Impakt op d'Familljesituatioun hunn.
Regional Antennen
Mir stinn Iech zur Säit, an dat am ganze Land.
Les onze offices régionaux de l’enfance vous accueillent sur rendez-vous.
Zwou zousätzlech Regional-Antenne wäerten dëst Joer nach hir Diere fir Familljen opmaachen.
Déifferdeng
23, Grand-Rue
L-4575 Déifferdeng
Esch-sur-Alzette
65B, Rue Zénon Bernard
L-4031 Esch-sur-Alzette
Diddeleng
41, Rue de la Forêt
L-3471 Diddeleng
Grevenmacher
2A, Avenue Prince Henri
L-6735 Grevenmacher
Strassen
5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen
Howald
Office régional ONE Bettembourg
33, rue de Gasperich
L-5826 Hesperange
Ettelbruck
57, Grand Rue
L-9050 Ettelbruck
Wiltz
8, Avenue Nic Kreins
L-9536 Wiltz
Remich
12, Route de Mondorf
L-5552 Remich
Marnach
1, rue de Marbourg
L-9764 Marnach
Mersch
5, rue des Prés
L-7561 Mersch
News

AEF Social Lab Workshops
Den AEF Social Lab invitéiert Iech häerzlech zu ko-kreativen Workshops mat optionalem Networking Lunch. Fir Iech unzemëllen, besicht w.e.g. https://aef.lu/agenda/ Wéini? Step 1 / 2

Participez à l’enquête « Des lettres pour l’avenir » pour l’aide à l’enfance et à la famille
Dans le cadre de sa mission de soutenir l’évolution du secteur de l’aide à l’enfance et à la famille (AEF) et l’implémentation du cadre de

Enquête sur le sentiment de sécurité et de protection des bénéficiaires de l’aide à l’enfance et à la famille
Le 2 novembre 2022, l’AEF Social Lab* a lancé « La protection, c’est… » : une enquête anonyme et confidentielle, disponible en trois langues (français, allemand et anglais),

Kannerrechtsfest 25/09/2022
Le Service des Droits de l’enfant du ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse vous invite à la Journée de sensibilisation et

Enquête sur les besoins en formation continue du personnel des structures de l’AEF
Chers tous, L’une des missions 2022 de l’AEF Social Lab est de récolter l’ensemble des besoins en formation continue des salariés du secteur de l’aide

Évènement AEF-Network 10 juin 2022
Le 10 juin 2022, plus de 200 acteurs de l’aide à l’enfance se sont réunis, en présence de monsieur le ministre de l’Éducation nationale, de

Präsentatioun vum neie Logo
Le nouveau logo, composé des trois lettres O, N et E, imbriquées entre elles, représente le réseau au sein de l’ONE et démontre en même

AEF Social Lab Newsletter!
N’hésitez pas à vous abonner à la Newsletter de l’AEF Social Lab ! Ainsi, vous serez informés des nouveautés et des avancées du Social Lab,

Ouverture vun enger neier regionaler Antenne zu Réimech!
Déi aachte regional Antenne huet viru kuerzem hir Dieren zu Réimech, 12, route de Mondorf opgemaach.

D'Wuert vum Kand viru Geriicht 8. Juni 2022
Le Service Droits de l’enfant organise, en collaboration avec Unicef Luxembourg, une conférence intitulée La parole de l’enfant en justice : État des lieux et perspectives

Fir Famillen
(Elengerzéiend, Adoptivelteren,
Fleegeelteren)
Eltereforum
Les forums parentaux sont des lieux accueillants d’échange, d’information et d’accompagnement pour tous les parents.
Adoptioun
Elteren déi gären en Kand adoptéiere wëllen, kënnen sech beim Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend fir eng Adoptioun mëllen. Am Kontext vum Haager Adoptiounsofkommes vun 1993, ass dëse Ministère déi zentral Agence.
Fleegefamill
Devenir famille d'accueil,
c'est procurer à un enfant un environnement familial stable, protéger son bien-être et défendre ses intérêts.
Professioneller aus dem Secteur
Dir sidd e Professionellen am Secteur Kanner- a Familljenhëllef? Hei fannt Dir all noutwenneg Informatiounen iwwert den Office national de l'enfance.
Soutien &
Begleedung
Fillt Dir Iech vun Ärer familiärer Situatioun iwwerfuerdert? Géift Dir gären dës Situatioun änneren, Dir wësst awer net, wou Dir sollt ufänken?
En CPI kann iech dobäi hëllefen, Ënnerstëtzungsmoossnamen z’arrangéieren, déi op Är Besoinen zougeschnidde sinn.
CPIs si Fachleit (Psychologen, Sozialaarbechter an diploméiert Pedagogen), déi am ONE schaffen an déi folgend Aufgaben hunn:
- Si treffe Kanner a Famillen, déi eng Ënnerstëtzung ugefrot hunn, fir d’Detailer ze klären;
- Si besiche Famillen an/oder begéine Jugendlecher an/oder Famillen an engem vun de regionale Guicheten;
- Si stellen an Zesummenaarbecht mat dem Jugendlechen an deem senger Famill di Hëllefsmoossnamen op a si koordinéieren di Moossnamen tëscht der Famill an de verschiddene Mataarbechter am Secteur vun der Kanner- a Familljenhëllef
- Si préiwen di Ënnerstëtzungsmoossnamen, déi decidéiert goufen, a schloen eventuell aner Ënnerstëtzungsmoossname fir, déi der familiärer Situatioun besser entspriechen.
Dir kënnt di dagdeeglech Aufgaben an der Famill net méi bewältegen?
Eng Aide-socio-familiale kann Iech dobäi hëllefen, di deeglech Aufgaben wéi Kanner versuergen an Hausaarbechte maachen, bis sech Är familiär Situatioun verbessert.
D’prestatären
Follegen Är Kanner Iech net méi? Hu Dir Problemer, Iech als Papp oder Mamm duerchzesetzen? Wësst dir net, wéi Dir Äre Kanner Grenze setzt oder wéi Dir si ënnerstëtze sollt?
Eng psychesch, sozial oder pedagogesch Ënnerstëtzung vun Ärer Famill duerch den ONE kann Iech dobäi hëllefen, Äntwerten op d’Besoine vun de Kanner an de Jugendlechen an der Erzéiung ze fannen. (Kompromësser fannen, Reegele festleeën, konsequent sinn), an dat och am Beräich vun der perséinlecher Bezéiung (Gefiller weisen a Léift kënnen ausdrécken, e Gefill vu Sécherheet a vu Beschütze kënne vermëttelen).
D’Familljenhëllef ënnerstëtzt Famillen a Jugendlecher an der dagdeeglecher Organisatioun vun hirem Liewen (Besoinen nogoen, Betreiung, Struktur a Ritualer) a kläert d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vun alle Familljememberen. Doduerch kann di familiär Situatioun verbessert ginn, sou datt all Member seng Plaz an der Famill fënnt.
D’prestatären
- Elisabeth
- Act Together asbl – FamillesPlus
- ARCUS asbl – Assistance familiale ; Service Betreit Wunnen; Placement familial
- Caritas Jeunes et Familles asbl – Service FARE SUD ; Service FARE NORD ; Service SLEMO
- Croix Rouge luxembourgeoise –Families First ; Familjenhëllef ; Service Perspectives ; Service placement familial
- Ensemble GmbH – Jugend-und Familien Hilfe
- Fondation EPI – Follow Up
- APEMH – SCAF
- Fondation Caritas Luxembourg
- Fondation Lëtzbuerger Kannerduerf – Antenne familiale
- Fondation Kannerschlass – Service ambulatoire / PAMO ; Service ambulatoire / SLEMO
- Fondation Maison de la porte ouverte – Service suivi Don Bosco
- Initiativ Liewensufank asbl -Service d’aide précoce
- La Main Tendue Angela asbl – Assistance psychique, sociale ou éducative en famille
- Objectiv Famill asbl – Objectiv Famill
- Phoenix asbl – Assistance familiale
- Solidarité Jeunes asbl – Haus 13 – Service familial
- TELOS – Education asbl – SynAIRgie
Déngschter vum „Placement familial“:
Vos enfants traversent une période difficile ? Ils ne se sentent pas bien dans leur peau ? Les relations au sein de la famille, de la fratrie ou avec les autres sont compliquées ?
Eenzel Berodungen oder eng länger Betreiung bei engem Psycholog/Psychotherapeut kënne bei perséinleche Schwieregkeeten, bei Bezéiungs- oder Verhalensstéierungen hëllefen.
CePAS – Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires
De CePAS bitt kuerz -a laangfristeg psychologesch an therapeutesch Berodunge fir Jugendlecher ab 12 Joer un, dat och fir hir Elteren a Famillen.
Berodunge gi bei Schoul-, Bezéiungs- oder perséinleche Problemer ugebueden.
Berodungen nëmmen op Rendezvous.
Kontakt: (+352) 247-75910
SePAS – Service psycho-social et d’accompagnement scolaires
Dëse Service gëtt an all Lycée ugebueden. Psychologesch Entrevuë kënne séier an ouni Rendezvous ausgemaach ginn.
Kontakt: Direkt an der Schoul
D’Familljeplanung bitt bei perséinleche Problemer, Bezéiungsproblemer a sexuelle Problemer eng psychologesch Berodung un.
Kontakt: (+352) 48 59 76
Psychologeschen Déngscht fir Kanner a Jugendlecher, déi Affer vu Gewalt doheem sinn (Fraen a Nout).
Den Déngscht riicht sech u Kanner a Jugendlecher am Alter vun 3 bis 18 Joer, déi Affer vu Gewalt doheem sinn.
Kontakt: (+352) 26 48 20 50
Therapeuteschen Déngscht (Jugend-Solidaritéit)
Den therapeuteschen Déngscht bitt deene jonke Jugendlechen (13-18 Joer), déi legal an/oder illegal psychoaktiv Substanzen zou sech huelen, Ënnerstëtzung an och psychosozial an/oder therapeutesch Hëllef un.
Kontakt: (+352) 48 93 48
Alupse bitt eng therapeutesch a psychologesch Berodung fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener bis zum Alter vun 21 Joer un, déi Affer vu physeschem, psycheschem oder sexuellem Mëssbrauch goufen oder eng traumatesch Situatioun erlieft hunn.
ALTERNATIVES – Centre de consultation pour enfants et adolescents victimes de violence(Fondation Pro Familia)
Den Zenter bitt eng psychologesch an therapeutesch Berodung fir Kanner a Jugendlecher un, déi Affer vu Gewalt an hirer Famill sinn.
Kontakt: (+352) 51 72 72 89
Prestatär beim ONE
Liste des intervenants libéraux
Aner Prestatären
- ARCUS asbl – Service de consultation psychologique et psychothérapeutique « Berodungsdéngscht »
- AFP Solidarité Familles – Erzéihungs-a Familjeberodung
- Caritas jeunes et familles
- Croix-Rouge luxembourgeoise asbl (Psy-Jeunes, Kannerhaus Jean)
- Elisabeth
- Fondation EPI – Service psychologique
- Fondation Kannerschlass – Service ambulatoire
- Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf – Antenne familiale
- La Main tendue asbl
- Pro Familia
- Solina Solidarité Jeunes – Haus 13 – Service psychologique
- Fondation Maison de la Porte Ouverte – Maison Saint Martin – Centre de consultation Mandala (CCM)
Prestatär beim ONE
Liste des intervenants libéraux
Aner Prestatären
- ARCUS asbl – Service de consultation psychologique et psychothérapeutique « Berodungsdéngscht »
- AFP Solidarité Familles – Erzéihungs-a Familjeberodung
- Caritas jeunes et familles
- Croix-Rouge luxembourgeoise asbl (Psy-Jeunes, Kannerhaus Jean)
- Elisabeth
- Fondation EPI – Service psychologique
- Fondation Kannerschlass – Service ambulatoire
- Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf – Antenne familiale
- La Main tendue asbl
- Pro Familia
- Solina Solidarité Jeunes – Haus 13 – Service psychologique
-
Fondation Maison de la Porte Ouverte – Maison Saint Martin – Centre de consultation Mandala (CCM)
Kräischt Äre Bébé vill? Schléift hie nuets net? Huet Äert d´Kand Problemer, sech eleng unzedinn oder ouni Hëllef z’iessen? Schéngt et Iech ongeschéckt ze sinn? Ass et dacks opgereegt oder schéngt et am Géigendeel, ze roueg ze sinn? Ass et an der Sproochentwécklung oder beim Léiere vun der Schrëftsprooch hannendran?
Ënnerstëtzung duerch eng fréi heelpedagogesch Erzéiung, duerch Psychomotorik, Ergotherapie oder Sproochtherapie kann dozou bäidroen, di individuell Besoinen vun Ärem Kand ze erfëllen, seng Entwécklung ze fërderen an den Echec an der Schoul an am Sozialen ze vermeiden.
Fréifërderung
Prestatär beim ONE
Aner Prestatären
- Service de rééducation précoce asbl
- Service de consultation d’aide pour troubles de l’attention, de la perception et du développement psychomoteur
Ergotherapie a Psychomotorik
Prestatär beim ONE
Liste des prestataires libéraux agréés pour l’ergothérapie
Aner Prestatären
- Association luxembourgeoise des psychomotriciens diplômés
- Association luxembourgeoise des ergothérapeutes diplômés
Orthophonie a Pedagogie
Prestatär beim ONE
Liste des intervenants libéraux
Aner Prestatären
Schwiereg Situatioune wéi Krankheet, Openthalt an enger Klinik kënnen d’Elteren dovunner ofhalen, sech momentan oder fir eng länger Zäit em hiert Kand ze këmmeren.
Wärend dëser Zäit kann d’Kand entweder an enger Betreiungsstruktur oder an enger Fleegefamill den Ëmstänn entspriechend opgeholl a betreit ginn.
Ziler
- Kanner oder jonk Erwuessener, déi eng akut psychosozial Kris duerchmaachen an e strukturéierte Kader ophuelen, deen op hir Besoinen ofgestëmmt ass, dëst fir maximal 3 Méint. Dat kënnt a Fro, wann den Openthalt am eegene familiären Ëmfeld momentan net ze empfeelen oder onméiglech ass.
- Kanner oder jonk Erwuessener drop virbereeden, wann si zréck an hiert familiäert Ëmfeld kommen oder wann si d’Méiglechkeet hunn, sech méi laang an enger Betreiungsstruktur opzehalen.
Zilgrupp
- Kanner vun 3 Joer un, Jugendlecher a jonk Erwuessener, deenen hir Elteren eng Kris duerchmaachen an déi den Ënnerhalt, d’Betreiung an/oder d’Grondbesoine vum Kand a vun dem jonken Erwuessenen net méi kënne garantéiere.
Prestatären
Ziler
- Kanner fir eng begrenzten Zäit an enger Struktur ophuelen, déi hire Besoinen entsprécht.
- Fërderung vun den allgemenge Kompetenze vun de Kanner wärend dëser Period.
- D’Kanner drop virbereeden, wann si an hiert familiäert Ëmfeld zréckkommen oder wann si méi laang an enger Betreiungsstruktur oder an enger Fleegefamill bleiwen.
Zilgrupp
Kanner, déi manner wéi 3 Joer hunn, deenen hir Eltere momentan net an der Lag sinn, op hir Kanner opzepassen a sech net em d’Erzéiung an d´Grondbesoine vun de Kanner kënne bekëmmeren.
Prestatären
Ziler
- Kanner a Jugendlecher an engem strukturéierten Ëmfeld ophuelen, dat un hir Besoinen ugepasst ass an hir Individualitéit respektéiert;
- Kanner oder jonk Erwuessener a hirer Entwécklung begleeden an di Kanner a jonk Erwuessener so wäit wéi méiglech drop virbereeden, wann si an hiert familiäert Ëmfeld zréckkommen.
Zilgrupp
Kanner vun 3 Joer un, Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi mat sozialen a familiäre Schwieregkeete konfrontéiert sinn, an déi vläicht mat psychesche Schwieregkeete kämpfen, déi sech duerch hiert negatiivt Verhalen an duerch schoulesch Problemer weise kënnen, a wou d’Famillen et net packen, richteg ze reagéieren.
Prestatären
- elisabeth
- ARCUS asbl : Kannerhaus Itzig ; Kannerhaus Grevenmacher ; Kannerhaus Echternach ; Kannerhaus Jonglënster
- Caritas Jeunes et Familles asbl
- Centre socio-éducatif de l’État
- Croix-Rouge luxembourgeoise; Centre d’accueil Norbert Ensch
- Fondation Kannerschlass : Foyer Janosch ; Foyer Jacoby
- Fondation Lëtzbuerger Kannerduerf : Foyer Cales ; Foyer Leir ; Maisons d’enfants Mersch ; SACCLY
- Fondation Maison de la porte ouverte : Foyer St. Joseph Patton ; Foyer St Martin ; Fadep Don Bosco ; St. Joseph Senningerberg
- Fondation Pro Familia : Centre polyvalent pour enfants
- Maisons d’enfants de l’État
- Solidarité Jeunes asbl : Foyer Noemi ; Foyer Ermesinde ; Foyer Lannejhang ; Foyer Weyer ; Foyer Esch ; Foyer VIVO
- Fondation Kannerschlass : Foyer Tikkun ; Foyer Demian
- ARCUS asbl : Foyer Doheem ; Foyer Max + Moritz; Foyer Koblabunz
- Fondation Lëtzbuerger Kannerduerf : Schneider Haff
Zilgrupp
Jonk Mënschen, déi minimum 16 Joer a maximum 27 Joer hunn, an déi fäeg sinn, hiren Alldag deelweis kënnen ze bewältegen.
Ziler
- Accueil vu jonke Mënschen an engem strukturéierten Ëmfeld, dat un hier Besoinen ugepasst ass, an dat fir eng begrenzten Zäit;
- wärend dëser Zäit d’Entwécklung vun deene Jonke fërderen.
Prestatären
- ARCUS asbl – Betreit Wunnen
- Solidarité Jeunes asbl – Haus 13 Belvaux ; Service LSE
- Fondation Caritas
- EPI asbl
- Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
- Fondation Kannerschlass – Pension Bertchen ;Service ambulatoire / SLEMO
- Croix-Rouge luxembourgeoise – Service Perspectives
- TELOS – Education asbl
- Fondation Maison de la Porte Ouverte
Zilgrupp
Jonk Mënschen, déi minimum 16 Joer a maximum 27 Joer hunn, an déi fäeg sinn, hiren Alldag deelweis kënnen ze bewältegen.
Ziler
- Accueil vu jonke Mënschen an engem strukturéierten Ëmfeld, dat un hier Besoinen ugepasst ass, an dat fir eng begrenzten Zäit;
- wärend dëser Zäit d’Entwécklung vun deene Jonke fërderen.
Prestatären
- ARCUS asbl – Betreit Wunnen
- Solidarité Jeunes asbl – Haus 13 Belvaux ; Service LSE
- Fondation Caritas
- EPI asbl
- Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
- Fondation Kannerschlass – Pension Bertchen ;Service ambulatoire / SLEMO
- Croix-Rouge luxembourgeoise – Service Perspectives
- TELOS – Education asbl
- Fondation Maison de la Porte Ouverte
Ziler
- Kanner oder jonk Erwuessener, déi eng akut psychosozial Kris duerchmaachen, a wou et net empfeelenswäert resp. souguer onméiglech ass, an hirem familiären Ëmfeld ze bleiwen, an engem spezialiséierte Foyer am Ausland opzehuelen;
- Kanner oder jonk Erwuessener drop virbereeden, wann si zréck an hiert familiäert Ëmfeld kommen oder wann si d’Méiglechkeet hunn, sech méi laang an enger Betreiungsstruktur opzehalen.
Zilgrupp
Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener.
Wéi geet dat?
Fëllt dofir de Formulaire fir dat institutionellt Verfaren am Ausland aus (PDF, 243 KB) a schéckt e bei den ONE zréck.
Betreiungsënnerstëtzung fir Fleegefamillen
Ziler
- Eent oder méi Kanner an eng Famill ophuelen, déi net hir biologesch Famill ass;
- e Kand, dat an enger psychosozialer Noutlag ass, an eng Famill ophuelen
- de biologeschen Elteren d’Méiglechkeet ginn, un hiren Erzéiungskompetenzen ze schaffen.
Zilgrupp
Kanner a Jugendlecher, déi mat sozialen a familiäre Schwieregkeete konfrontéiert sinn a wou et net empfeelenswäert oder souguer onméiglech ass, an dësem familiären Ëmfeld ze bleiwen.
Betreiungsënnerstëtzung fir Fleegefamillen
Ziler
- en ugepassten a strukturéierte Kader an och eng ugepassten Erzéiung fir Kanner a Jugendlecher ubidden, déi nëmmen daagsiwwer do sinn, fir datt si sech sou gutt wéi méiglech entwéckelen an entfale kënnen;
- Zum Schluss vun der Betreiung en ambulante Service ubidden, fir d’Kanner, di jonk Erwuessener an hir Famillen ze ënnerstëtzen.
Zilgrupp
Kanner a jonk Erwuessener, déi en Dagesopenthalt néideg hunn, en vue vun enger intensiver Betreiung a Behandlung.
D’prestatären
Am Fall vu Problemer, mëllt Iech bei eiser Helpline. Dir gitt en charge geholl vu Psychologen
Är Kanner si schonn erwuessen an Dir géift engem Kand gären e flott, stabilt, séchert an häerzlecht Ëmfeld bidden?
Oder géift Dir gären Är Famill erweideren an zu engem Kand eng Bezéiung opbauen, déi fir d’Kand an och fir Iech eng Beräicherung ass?
Oder Dir hutt keng Kanner, awer Dir hutt Zäit a Plaz, e Kand opzehuelen an et a sengem Rhythmus bei senge Fortschrëtter ze begleeden?
Den ONE ass ëmmer op der Sich no neie Fleegefamillen, déi bereet sinn, sech fir d’Wuel vun engem Kand a senger Famill z’engagéieren.
Fleegefamill ze si bedeit, sech flexibel an tolerant ze weisen an och mënschlech Wäermt wéi och erzéieresch Kompetenzen ze weisen, fir dem Kand di néideg Sécherheet ze ginn, fir sech weider z’entwéckelen.
Fleegefamill ze sinn heescht och, et als e perséinleche Projet ze gesinn, engem Kand e neit Doheem ze bidden.
E Kand doheem ophuelen heescht, him e mënschlecht waarmt an erzéierescht Ëmfeld bidden, wou all seng Besoine berécksiichtegt ginn. D’Kand muss och d’Méiglechkeet hunn, Bezéiungen zu senge leiflechen Elteren oprecht z’erhalen an/oder se erëm opzebauen.
Äert Kand ass elo an engem soziale Foyer oder an enger Fleegefamill ënnerbruecht. Dëse Foyer/dës Fleegefamill ass en Deel vun engem Betreiungsnetz fir Kanner a Famillen. Dës Hëllef, och bekannt ënnert dem Numm AEF („aide à l’enfance“), setzt sech aus enger Rei vu Servicer zesummen, déi Kanner an hir Famillen a psychosozialen Noutsituatiounen hëllefen.
Etant donné que votre enfant est placé dans une structure de l’AEF, vous vous demandez certainement ce qui va se passer pour votre enfant et pour vous en tant que parents. Tout dépend de la forme de l’accueil de votre enfant : est-il volontaire ou judiciaire ?
L’accueil est dit volontaire, s’il se fait à la demande ou avec l’accord des parents. Les parents conservent la possibilité d’organiser en concertation avec les services de l’aide à l’enfance, le déroulement de l’accueil et aussi le retour de l’enfant en famille.
L’accueil est dit judiciaire quand il est décidé par le juge de la jeunesse ou le Parquet. Il peut confier l’enfant à une famille d’accueil ou à un établissement au service de l’AEF.
Jee no Situatioun vum Kand an der Famill kann Äert Kand a verschiddene Strukturen ënner Dag kommen:
Noutopnam (AUSC/FADEP)
Il s’agit d’un premier accueil qui se déroule dans un centre spécialisé dans l’accueil urgent. Pendant le séjour de l’enfant un bilan est effectué en vue d’une orientation vers une famille d’accueil, un centre d’accueil ou un retour en famille.
D’Fleegefamill
D’Fleegefamill ass eng Famill, déi vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend kontrolléiert gëtt. Si bitt de Kanner e familiäert Ëmfeld, ouni allerdéngs di biologesch Elteren z’ersetzen.
De Centre d’accueil
Il offre un cadre de vie collectif, dans des petites unités de vie de 6 à 10 enfants, d’âges identiques ou diversifiés, mixte ou non. Une équipe de professionnels est chargée d’accompagner les enfants dans tous les temps de leur vie quotidienne (scolarité, loisirs, santé).
Um Ufank vum Openthalt gëtt mat den Elteren en „Opnamevertrag“ ënnerschriwwen. Dëse Vertrag bestëmmt niewent de Servicer, déi d’Kand wärend sengem ganzen Openthalt kritt, och d’Ziler vun der Betreiung am Alldag.
Kanner kommen am allgemengen an engem Centre d’accueil a Lëtzebuerg ënner Dag. Si kënnen awer och an engem Centre d’accueil am Ausland opgeholl ginn, wann d’Betreiung a Lëtzebuerg net ka garantéiert ginn, wann een di spezifesch Besoine vum Kand berécksiichtegt.
An all Centre d’accueil ginn d’Elteren informéiert iwwert di intern Virschrëfte vum Zenter a kréien och d’Kontaktdonnéeë vum Chef de Service oder vum Mataarbechter, dee fir d’Kand zoustänneg ass.
Verschidden Aktiounen am deegleche Liewe vun Ärem Kand gi vum Foyer oder vun der Fleegefamill entscheet. Dëst geschitt ëmmer am Intressi vum Kand. D’Mataarbechter beméien sech, Iech z’informéieren an di verschidde Moossnamen z’erklären, an Iech so wäit wéi méiglech un den Entscheedungen ze bedeelegen.
Les décisions qui vous concernent plus concrètement:
Vous êtes sollicité, pour autant que possible, de donner votre accord sur tous les actes (non usuels) relevant de l’autorité parentale : autorisation d’opérer, soins médicaux, orientation scolaire, contrat d’apprentissage…
Vous programmez ensemble avec les professionnels qui accompagnent vos enfants, les visites auprès de vos enfants ainsi que les retours le weekend dans votre famille. Concernant le retour définitif de votre enfant, s’il l’accueil est judiciaire, il doit être prononcé par le tribunal de la jeunesse.
Dir gitt ëm Är Meenung gefrot, wann et drëms geet, wouhin Äert Kand geet, wann et de Foyer muss wiesselen.
Vous êtes sollicité de signer le projet d’intervention de votre enfant, qui est établi par les professionnels pour mettre en place les aides adaptées à votre enfant et à votre famille.
Dës Lëscht ass net onbedéngt vollstänneg, mee si soll Iech en Iwwerbléck iwwert di Entscheedunge ginn, déi Dir weiderhin als Elteren treffe kënnt. Fir weider Informatioune went Iech w.e.g. un di Persoun, déi fir Äert Kand bei der Opnam zoustänneg ass.
Teams, déi fir Iech do sinn:
Au niveau de l’institution et des familles d’accueil:
Wann Äert Kand opgeholl gëtt, bleiwen d’Mataarbechter vum Foyer oder d’Mataarbechter, déi zoustänneg sinn, fir de Kontakt mat der Fleegefamill ze halen, op Wonsch mat Iech a Kontakt. Fäert net, Kontakt mat hinnen opzehuelen, wann Dir Froen zu Ärem Kand oder zu Ärer Familljesituatioun hutt.
Au niveau de l’Office national de l’enfance:
L’ONE est en charge d’apporter un soutien aux familles en détresse psycho-sociale et aussi de veiller à l’accueil d’enfants qui sont placés par leurs parents ou sur ordonnance du tribunal de la jeunesse. Les différentes mesures d’aide sont financées essentiellement par l’ONE. Une participation aux frais peut être demandée aux parents.
Wann Dir Froen zu der Betreiung vun Ärem Kand hutt oder wann Dir eng Ënnerstëtzung an Ärem Familljeliewe braucht, kënnt Dir Iech un den ONE wenden. E Mataarbechter aus der Kannerhëllef steet Iech gären zur Verfügung.
Als Elteren hutt Dir och d’Recht, en Abléck an d’Dossiere vun Ärem Kand beim ONE ze hunn, besonnesch wat di administrativ a sozialpedagogesch Dokumenter ubelaangt, déi a sengem perséinlechen Dossier archivéiert sinn. No enger schrëftlecher Demande gëtt vum ONE en Termin proposéiert. Wärend dësem Treffe steet Iech e Mataarbechter vum ONE zur Verfügung, deen Iech beim Liese vum Dossier hëlleft an Iech eventuell Froe ka beäntweren.
Wann et sech ëm eng geriichtlech Opnam handelt, hunn Dir an/oder Ären Affekot d’Recht, an den Dossier ze gesinn, dee beim Jugendgeriicht deposéiert ass.
- Wann Dir fannt, datt Dir schlecht betreit gitt, oder wann Dir Iech net genuch ënnerstëtzt fillt, wat Ären Ëmgang mat dem Foyer betrëfft, wou Äert Kand ënnerbruecht ass, oder mat dem Service, deen Äert Kand betreit;
- Wann Dir d’Gefill hutt, datt Är Rechter als Elteren oder déi vum Kand verletzt ginn;
Dann hutt Dir d’Méiglechkeet, Iech un den ONE ze wenden, deen Iech an Ärer Situatioun kann ënnerstëtzen, ob et ëm eng fräiwëlleg Opnam geet, oder ëm eng Opnam, déi geriichtlech ordonéiert ginn ass. E Mataarbechter vum ONE, dee fir den Dossier vun Ärem Kand verantwortlech ass, kann Iech hëllefen an Iech erklären, wéi di Opnam ofleeft.
S’il s’agit d’une décision du tribunal de la jeunesse ou du parquet (mesure de garde provisoire ou jugement), vous pouvez en tant que famille d’origine aussi entamer des procédures judiciaires:
- Am Fall vun enger provisorescher Moossnam fir d’Suergerecht an Appell beim Jugendgeriicht goen, no dem Artikel §27 vum Jugendschutzgesetz;
- Dir kënnt no dem Artikel §37 vum Jugendschutzgesetz eng Ännerung oder d’Annuléierung vun der betreffender Moossnam ufroen;
- Dir kënnt Iech vun engem Affekot berode loossen.
No dem Artikel 7 vum Gesetz iwwert d’Kanner- an d’Familljenhëllef, dat de 16.Dezember 2008 ugepasst gouf, kann d’Kand, dat schonn uerteelsfäeg ass, a seng Elteren déi Ënnerlagen ukucken, déi beim ONE agereecht goufen, besonnesch di administrativ an di sozialpedagogesch Dokumenter, déi a sengem perséinlechen Dossier archivéiert sinn.
Den Demandeur brauch kee berechtegten Intressi weisen an ass och net verflicht, seng Demande ze begrënnen. Di schrëftlech Demande, fir sech den Dossier unzekucken, muss folgend Donnéeën enthalen: Familljennumm (Gebuertsnumm), Virnumm, d’Stad oder d’Duerf, wou e gebuer ass, a Kontaktdonnéeë vum Demandeur.
D’Demande ass ze riichten un:
Office national de l’enfance
Gilles Dhamen
Directeur
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg
E-mail : one@one.etat.lu
Fax : (+352) 24 77 36 – 99
E Rendezvous gëtt vum ONE virgeschloen. E Mataarbechter vum ONE steet dem Demandeur zur Verfügung, fir him beim Liese vum Dossier ze hëllefen. Den Demandeur muss fir dat Gespréich seng Carte d’identité matbréngen.