Äert Kand ass elo an engem soziale Foyer oder an enger Fleegefamill ënnerbruecht. Dëse Foyer/dës Fleegefamill ass en Deel vun engem Betreiungsnetz fir Kanner a Famillen. Dës Hëllef, och bekannt ënnert dem Numm AEF („aide à l’enfance“), setzt sech aus enger Rei vu Servicer zesummen, déi Kanner an hir Famillen a psychosozialen Noutsituatiounen hëllefen.
Äert Kand ass an enger Struktur vun der AEF ënnerbruecht ginn, an Dir frot Iech sécher, wat elo mat ärem Kand an och fir Iech als Eltere geschitt. Dat hänkt dovun of, wéi eng Form vun Opnam et ass: ass se fräiwëlleg oder vum Geriicht ugeuerdent ginn?
D’Opnam gëllt als fräiwëlleg, wann se op Ufro oder mat dem Accord vun den Eltere geschitt. D’Eltere kënnen zesumme mat de Servicer vun der "aide à l'enfance" ofmaachen, wéi den Openthalt vum Kand ofleeft an och, wéini d’Kand nees heem an d’Famill zeréckgeet.
D’Opnam gëllt als "geriichtlech", wann se vum Jugendriichter oder vum Parquet decidéiert gëtt. Si kënnen d’Kand enger Fleegefamill oder enger Struktur am Déngscht vun der AEF uvertrauen.
Jee no Situatioun vum Kand an der Famill kann Äert Kand a verschiddene Strukturen ënner Dag kommen:
Noutopnam (AUSC/FADEP)
Et handelt sech ëm eng éischt Opnam, déi an engem spezialiséierten Zenter fir Noutopnamen stattfënnt. Wärend dem Openthalt vum Kand gëtt eng Evaluatioun gemaach, fir ze entscheeden, ob d’Kand an eng Fleegefamill, an e Centre d‘accueil oder zréck an d’Famill geet.
D’Fleegefamill
D’Fleegefamill ass eng Famill, déi vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend kontrolléiert gëtt. Si bitt de Kanner e familiäert Ëmfeld, ouni allerdéngs di biologesch Elteren z’ersetzen.
De Centre d’accueil
De Centre d'accueil bitt e kollektiivt Liewensëmfeld a klenge Wunneenheete vu 6 bis 10 Kanner, mat dem selwechten oder verschiddenen Alters, gemëscht oder och net. Eng Equipe vu Fachleit begleet d’Kanner an allen Etappe vun hirem Alldag (Schoul, Fräizäit a Gesondheet.)
Um Ufank vum Openthalt gëtt mat den Elteren en „Opnamevertrag“ ënnerschriwwen. Dëse Vertrag bestëmmt niewent de Servicer, déi d’Kand wärend sengem ganzen Openthalt kritt, och d’Ziler vun der Betreiung am Alldag.
Kanner kommen am allgemengen an engem Centre d’accueil a Lëtzebuerg ënner Dag. Si kënnen awer och an engem Centre d’accueil am Ausland opgeholl ginn, wann d’Betreiung a Lëtzebuerg net ka garantéiert ginn, wann een di spezifesch Besoine vum Kand berécksiichtegt.
An all Centre d’accueil ginn d’Elteren informéiert iwwert di intern Virschrëfte vum Zenter a kréien och d’Kontaktdonnéeë vum Chef de Service oder vum Mataarbechter, dee fir d’Kand zoustänneg ass.
Verschidden Aktiounen am deegleche Liewe vun Ärem Kand gi vum Foyer oder vun der Fleegefamill entscheet. Dëst geschitt ëmmer am Intressi vum Kand. D’Mataarbechter beméien sech, Iech z’informéieren an di verschidde Moossnamen z’erklären, an Iech so wäit wéi méiglech un den Entscheedungen ze bedeelegen.
Les décisions qui vous concernent plus concrètement:
Souwäit et méiglech ass, gitt Dir gefrot, Ären Accord fir all (net alldeeglech) Entscheedungen ze ginn, déi ënner der Autoritéit vun den Eltere falen: zum Beispill fir eng Operatioun, medezinesch Behandlungen, Schoulorientéierung oder e Léiervertrag…
Zesumme mat de Fachleit, déi Är Kanner begleeden, plangt Dir d’Visitten an d’Weekend-Openthalter bei Iech an der Famill. Wat de definitive Retour vun Ärem Kand an d’Famill ugeet, muss dësen, wann d’Opnam geriichtlech ugeuerdent ass, vum Jugendgeriicht decidéiert ginn.
Dir gitt ëm Är Meenung gefrot, wann et drëms geet, wouhin Äert Kand geet, wann et de Foyer muss wiesselen.
Dir gitt gefrot, de Betreiungsprojet vun Ärem Kand z’ënnerschreiwen. Dëse Projet gëtt vun de Fachleit erstallt, fir déi passend Hëllefe fir Äert Kand an Är Famill ëmzesetzen.
Dës Lëscht ass net onbedéngt vollstänneg, mee si soll Iech en Iwwerbléck iwwert di Entscheedunge ginn, déi Dir weiderhin als Elteren treffe kënnt. Fir weider Informatioune went Iech w.e.g. un di Persoun, déi fir Äert Kand bei der Opnam zoustänneg ass.
Teams, déi fir Iech do sinn:
Op Niveau vun der Struktur an de Fleegefamillen:
Wann Äert Kand opgeholl gëtt, bleiwen d’Mataarbechter vum Foyer oder d’Mataarbechter, déi zoustänneg sinn, fir de Kontakt mat der Fleegefamill ze halen, op Wonsch mat Iech a Kontakt. Fäert net, Kontakt mat hinnen opzehuelen, wann Dir Froen zu Ärem Kand oder zu Ärer Familljesituatioun hutt.
Op Niveau vum Office national de l’enfance (ONE):
Den ONE ass zoustänneg, fir Famillen a psychosozialer Noutsituatioun z’ënnerstëtzen an och fir d’Opnam vu Kanner ze garantéieren, déi vun hiren Elteren oder duerch Uerdnung vum Jugendgeriicht placéiert ginn. Déi verschidde Betreiungs- a Hëllefsmoossname ginn haaptsächlech vum ONE finanzéiert. Eng Käschtebedeelegung kann awer vun den Eltere gefrot ginn.
Wann Dir Froen zu der Betreiung vun Ärem Kand hutt oder wann Dir eng Ënnerstëtzung an Ärem Familljeliewe braucht, kënnt Dir Iech un den ONE wenden. E Mataarbechter aus der Kannerhëllef steet Iech gären zur Verfügung.
Dann hutt Dir d’Méiglechkeet, Iech un den ONE ze wenden, deen Iech an Ärer Situatioun kann ënnerstëtzen, ob et ëm eng fräiwëlleg Opnam geet, oder ëm eng Opnam, déi geriichtlech ordonéiert ginn ass. E Mataarbechter vum ONE, dee fir den Dossier vun Ärem Kand verantwortlech ass, kann Iech hëllefen an Iech erklären, wéi di Opnam ofleeft.
Wann et sech ëm eng Decisioun vum Jugendgeriicht oder vum Parquet handelt (provisoresch Opnam oder Urteel), kënnt Dir als biologesch Famill och juristesch Schrëtt aleeden.
No dem Artikel 7 vum Gesetz iwwert d’Kanner- an d’Familljenhëllef, dat de 16.Dezember 2008 ugepasst gouf, kann d’Kand, dat schonn uerteelsfäeg ass, a seng Elteren déi Ënnerlagen ukucken, déi beim ONE agereecht goufen, besonnesch di administrativ an di sozialpedagogesch Dokumenter, déi a sengem perséinlechen Dossier archivéiert sinn.
Den Demandeur brauch kee berechtegten Intressi weisen an ass och net verflicht, seng Demande ze begrënnen. Di schrëftlech Demande, fir sech den Dossier unzekucken, muss folgend Donnéeën enthalen: Familljennumm (Gebuertsnumm), Virnumm, d’Stad oder d’Duerf, wou e gebuer ass, a Kontaktdonnéeë vum Demandeur.
D’Demande ass ze riichten un:
Office national de l’enfance
Michèle Bressanutti
Directrice
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg
E-mail : one@one.etat.lu
Fax : (+352) 24 77 36 – 99
E Rendezvous gëtt vum ONE virgeschloen. E Mataarbechter vum ONE steet dem Demandeur zur Verfügung, fir him beim Liese vum Dossier ze hëllefen. Den Demandeur muss fir dat Gespréich seng Carte d’identité matbréngen.