luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Internet Säiten

GITT FLEEGEFAMILL!

Fleegefamill ginn bedeit, engem Kand e stabilt familiäert Ëmfeld ze ginn, säi Wuelbefannen ze schützen a sech fir seng Interessien anzesetzen. 

Dat bedeit, engem Kand e Gefill vu Sécherheet ze ginn, fir datt et ënnert deene beschtméigleche Konditiounen opwuessen a sech a sengem eegene Rhythmus entwéckele kann.

Dat bedeit, d’Individualitéit vum Kand, säi Parcours, seng Elteren an de familiäre System, aus deem et staamt, ze respektéieren.

Dat bedeit, zu der Entwécklung vum Kand bäizedroen an dobäi senge Besoine Rechnung ze droen.

 

Profil vun de Kandidaten

Zukünfteg Kandidate fir d’Aktivitéit als Fleegefamill mussen emotional stabil sinn an iwwer tëschemënschlech Kompetenze verfügen.

  • Si kenne sech selwer gutt a kenne sech mat hire Stäerkten, hire Grenzen an hirer Gefillswelt aus.
  • Si hunn eng positiv Liewensastellung an orientéiere sech un de Ressourcë vun deem Eenzelen.
  • Si verfügen iwwer familiär an elterlech Ressourcen.
  • Si sinn an der Lag, sech selwer a Fro ze stellen an hiren Erzéiungsstil un d’Besoine vum Kand unzepassen.
  • Si verstinn d’Situatioun vun den Elteren, de Kontext an den Ëmfang vun der Opnam.
  • Si akzeptéieren, valoriséieren a fërderen d’Bindung tëscht dem Kand a senge Hierkunftselteren.
  • Si begéinen den Hierkonftselteren an engem Klima vu Respekt an urteelen net iwwer si.
  • Si akzeptéieren d’Deele vun der Eltereroll.
  • Si sinn oppe fir eng Zesummenaarbecht mat den Acteuren, déi am System vun der Opnam an enger Fleegefamill täteg sinn. 

Zouloossungsbedéngungen

Fir d’Aktivitéit vun der sozio-pedagogescher Opnam an enger Fleegefamill ausüben ze kënnen, muss d’Fleegefamill Follgendes kënnen :

  • de Kanner, e passende Liewensraum an eng adequat Fleeg bidden;
  • déi an der Zouloossung autoriséiert Unzuel vu Kanner an déi festgeluechte Modalitéiten anhalen (maximal 4 Kanner gläichzäiteg, ausser am Fall vun enger Derogatioun);
  • iwwer eng Infrastruktur verfügen, déi d’Mindestkrittären erfëllt, déi:
      •  vum Artikel 27 vum geännerte groussherzogleche Reglement vum 17. August 2011 iwwer d’Zouloossung fir d’Gestionnairë vun Aktivitéite fir Kanner, jonk Erwuessener a Famillen an der Nout virgesi sinn; an
      • déi an den Allgemenge Bedéngungen (Punkt 10 vum Bewerbungsdossier) definéiert sinn;
  • d’Prozedur „Selektioun – Virbereedung – Formatioun” vu maximal 30 Stonne bei engem vun de Servicer fir d’Begleedung vun der Opnam an enger Fleegefamill duerchlafen an e Selektiounscertificat ;
  • d’ Basisformatioun fir Fleegefamille vu 54 Stonnen absolvéieren déi ënner der Tutelle vum Minister, dee fir d’Kanner zoustänneg ass, organiséiert gëtt;
  • wärend mindestens 12 Stonnen d’Joer u u Weiderbildungs- an/oder Supervisiounssëtzungen deelhuelen; ;
  • op d’mannst eng vun den 3 offizielle Sprooche vu Lëtzebuerg (Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch) verstoen a sech doranner ausdrécke kënnen);
  • reegelméisseg vun engem vun de Servicer fir d’Begleedung vun der Opnam an enger Fleegefamill suivéiert ginn;
  • net vu strofrechtleche Verurteelunge betraff sinn, déi mam Ausübe vun dëser Aktivitéit inkompatibel sinn; ;
  • déi biologesch Kanner vun der Fleegefamill däerfe weeder Géigestand vun enger Erzéiungshëllef oder engem Placement am Sënn vum geännerte Gesetz vum 10. August 1992 iwwer de Jugendschutz, nach Géigestand vun enger Mesure fir d’Opnam an enger Fleegefamill, der stationärer sozio-pedagogescher Opnam oder der sozio-pedagogescher Opnam am Ausland am Sënn vum Gesetz iwwer d’Hëllef, d’Ënnerstëtzung an de Schutz vu Mannerjäreger, jonken Erwuessenen a Famille gewiescht sinn.

Demarchen - Praktesch Modalitéiten 

Areeche vun der Demande

Interesséiert Persoune mussen e Bewerbungsdossier fir d’Aktivitéit vun der sozio-pedagogescher Opnam an enger Fleegefamill ausfëllen: 
    • sief et iwwer eng Online-Demarche op MyGuichet.lu; 
    • oder andeem si den entspriechende Formulaire eroflueden an dësen zesumme mat de gefroten Dokumenter per Post u follgend Adress schécken: 
Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Direction générale de l’Aide à l’Enfance et à la Famille
Service Compliance
33, Rives de Clausen 
Adresse postale : L-2926 Luxembourg 
 
  •  Der Zouloossungsdemande fir d’Aktivitéit vun der sozio-pedagogescher Opnam an enger Fleegefamill mussen déi follgend Dokumenter ugehaang bzw. bäigeluecht ginn:
    • Copie de la carte d’identité du membre de la famille d’accueil ayant la principale responsabilité de l’accueil de l’enfant ou des enfants accueillis; 
    • en aktuelle Certificat de résidence élargi (ausgestallt vun der Gemeng); 
    • en Extrait aus dem Casier – Bulletin Nr. 3 („klasseschen Extrait aus dem Casier”) an en Originalextrait aus dem Casier – Bulletin Nr. 5 („Schutz vu Mannerjäregen”), deen héchstens 3 Méint al ass, vun där Persoun, déi d’Haaptverantwortung fir d’Opnam vum betreite Kand oder de betreite Kanner dréit, a vun de groussjärege Persounen, déi zum Stot gehéieren; 
    • e Selektiouns-Virbereedungs-Certificat, ausgestallt vun engem vun den dräi Begleedungsservicer; 
    • e Certificat iwwer d’Participatioun un der Basisformatioun fir Fleegefamillen; 
    • eng Kopie vun der Ordonnance vum Geriicht iwwer de Placement vum/vun de Mannerjäregen, am Fall wou Dir schonn e Kand/e puer Kanner a Fleeg hutt.

Wann den Dossier net komplett ass,da mécht de Service compliance vun der Direction générale de l’Aide à l’Enfance et à la Famille vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend Follgendes : 

  • E freet déi feelend Dokumenter bei der betraffener Persoun un; an
  • verweist se – am Fall, wou se nach net vun engem Service begleet gëtt – un d’Servicer fir d’Begleedung vun der Opnam an enger Fleegefamill. 

Wann den Dossier komplett ass,mécht de Service de l’aide à l’Enfance vum Ministère Follgendes:

  • E léisst der betraffener Persoun en Accusé de réception zoukommen; an
  • verweist se – am Fall, wou se nach net vun engem Service begleet gëtt – un d’Servicer fir d’Begleedung vun der Opnam an enger Fleegefamill. 

 

Selektiounsprozedur

Déi betraffe Persoun muss sech da mam gewielte Begleedungsservice a Verbindung setzen, fir d’Prozedur „Selektioun – Virbereedung” vu maximal 30 Stonnen an d’Weeër ze leeden, an de Service compliance vun der Direction générale de l’Aide à l’Enfance et à la Famille vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend heiriwwer informéieren..

Soubal d’Prozedur „Selektioun – Virbereedung“ ofgeschloss ass a wann de Kandidat selektionéiert gëtt, kritt déi betraffe Persoun e Selektiounscertificat vum gewielte Service ausgestallt.

Soubal de Selektiounszertifikat ukomm ass, huet de Service compliance 3 Méint Zäit, , fir d’Opnamekonditiounen ze bewäerten. Dës Kontroll erfollegt op der Basis:

  • vun derAnalys vum Bewerbungsdossier; an
  • vu Visitte bei der betraffener Persoun doheem..

Wa bannent deenen 3 Méint keng Äntwert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend heiriwwer informéieren. gëllt d’Zouloossung als accordéiert..

Accordéiert Zouloossung

Wann d’Zouloossung accordéiert gouf, kann et sech ëm Follgendes handelen:

  • eng bedéngten Zouloossung,dat heescht eng provisoresch,déi tëschent 6 Méint an 2 Joer gëlteg ass; ;
  • eng bedéngungslos Zouloossung,dat heescht eng also eng definitiv Zouloossung.Si gëtt der betraffener Persoun accordéiert, wann all d’Konditiounen erfëllt sinn..

Et gëtt drop higewisen, datt den Titulaire vun enger bedéngter Zouloossung zu all Moment eng bedéngungslos Zouloossung kréie kann an ëmgedréint.

DenAccord vun der Unerkennung als sozialen Hëllefsdéngscht fir Kanner gëtt der betraffener Persoun vum Minister ausgestallt.

Vun deem Moment u kann déi betraffe Persoun een oder e puer Kanner bei sech ophuelen a kritt eng Indemnisatioun an Ënnerhalt, déi vum Office national de l’enfance (ONE) finanzéiert ginn.  

Reseau

 

Wann Dir d’Aktivitéit vun enger Fleegefamill ausübe wëllt, kënnt Dir d’Ënnerstëtzung vun engem Reseau vu kompetenten Ekippen an Usproch huelen.

Nieft dem Office national de l’enfance kënne verschidde Servicer Iech begleeden a bei all Ären Demarchen a beim Ausübe vun der Aktivitéit als Fleegefamill zur Säit stoen.

Hei drënner fannt Dir d’Coordonnéeë vun deene verschiddene Partner.

Placement Familial – ARCUS A.S.B.L.

Familljenhaus Zentrum :

29, rue de Mamer

L-8081 Bertrange

Tél. : 40 49 49 – 500

Familljenhaus Osten :

26, rue de Luxembourg

L-6750 Grevenmacher

Tél. : 40 49 49 – 700

Familljenhaus Süden :

23, rue du Nord

L-4260 Esch-sur-Alzette

Tél. : 40 49 49 – 500

Familljenhaus Norden :

16, Haaptstrooss

L-9764 Marnach

5, rue des Fleurs

L-9231 Diekirch

Tél. : 40 49 49 – 900

Familljenhaus Westen :

13, Grand-Rue

L-8510 Redange

37, Avenue Grande-Duchesse Charlotte

L-7520 Mersch

Tél. : 40 49 49 – 600

Accueil Familial – Croix-Rouge Luxembourgeoise

22, route de Luxembourg
L-8077 Bertrange

Tél. : 27 55 64 00

Accueil.familial@croix-rouge.lu

 

Antenne Familiale – Lëtzebuerger Kannerduerf

Bureaux Mersch

z.i. Mierscherbierg

L-7526 Mersch

 

Tél. : 32 90 03-1

 

Bureaux Esch

1, rue Helen Buchholtz

L-4048 Esch-sur-Alzette

Tél. : 32 90 03-1

 

 

 

Bureaux Nocher

8, Duerfstrooss

L-9674 Nocher

Tél. : 32 90 03-1

 

Tél. : 32 90 03-1

 

Indemnisatioun vun der Aktivitéit als Fleegefamill

 

Déi sozial-pedagogesch Aktivitéit als Fleegefamill mat Dages- an/oder Nuetsbetreiung gëtt vum Office national de l’enfance (ONE) a Form vun Dagesforfaite fir déi Deeg, déi d’Kand oder de jonken Erwuessenen an der Fleegefamill verbréngt, finanzéiert.

Dëse Forfait setzt sech aus dem Ënnerhalt an enger Indemnisatioun zesummen, déi am geännerte groussherzogleche Reglement vum 17. August 2011 iwwer de Finanzement vun de sozialen Hëllefsmoossname fir Kanner a Famille festgeluecht ass.

Dës Leeschtunge ginn all Mount facturéiert a bezuelt.

Dir wëll engem Kand e stabilt familiäert Ëmfeld ze ginn, säi Wuelbefannen ze schützen a sech fir seng Interessien anzesetzen. 

Alors n’hésitez pas à nous contacter one@one.etat.lu