Skip to main content

Ech weess net méi

wat maachen...

Kontakt Office national de l'enfance

""
""
woman with children

Wat ass den ONE?

  • Den ONE verfüügt iwwert eng interdisziplinäer Ekipp, déi Iech zur Säit steet an Iech ënnerstëtzt. Dës Ekipp ka sech mat Kanner an/oder Jugendlechen treffen, fir d’Detailer ze klären, wann Hëllef gebraucht gëtt.
  • D’Aarbecht vum ONE besteet zum gréissten Deel aus fräiwëlleger Ënnerstëtzung a berout op Zesummenaarbecht mat de Famillen. Eng vun den Haaptaufgaben vun dëser Ënnerstëtzung besteet doranner, d’Wuel vum Kand, vum Jugendlechen an/oder vun der Famill ze fërderen an d’Ressourcen vun den Elteren z’entwéckelen an ze mobiliséieren.
  • Den ONE huet als Komptenz, Ënnerstëtzungsdéngschter op d’Kanner an d’Famillen genau zouzeschneiden an z’arrangéieren, fir de Bedürfnisser vun deenen eenzelen Ufroen vun Hëllef gerecht ze ginn. D’Famille gi vun dësen Déngschter bei all Schrëtt begleet.
  • Den ONE verfüügt iwwert Interventiounsprojetskoordinateuren („coordinateur de projet d’intervention „CPI). CPIs si Fachleit (Psychologen, Sozialaarbechter oder diploméiert Pädagogen), déi hinnen bei der Entwécklung vun engem Interventiounsprojet zur Säit stinn an hinnen eng Hëllef ubidden, déi hirer Situatioun ugepasst ass.
  • Den ONE garantéiert, datt di Ënnerstëtzung reegelméisseg weidergeet an esou laang dauert, wéi se néideg ass.
  • Den ONE fënnt een iwwerall am Land vertrueden a verfüügt iwwert eng Rei regional Guicheten, wou een ouni Rendezvous all Woch kann higoen.
  • Den ONE finanzéiert di meescht Hëllefsmoossnamen. Et ka sinn, datt e finanzielle Beitrag verlaangt gëtt. D’Héicht vun dësem Beitrag hänkt vun de Revenuen an den Ausgaben vun der Famill of, déi concernéiert ass (Loyer- Prêt- Ënnerhalt...).

D’Kanner- an d’Familljenhëllef („aide à l’enfance et à la famille“-AEF) riicht sech u Kanner a jonk Erwuessener a Nout an hir Famillen. Kanner a jonk Erwuessener a Nout si Kanner oder jonk Erwuessener, bei deenen di kierperlech, geeschteg, psychesch oder sozial Entwécklung a Gefor ass, bei deenen eng Gefor fir Kierper a Séil, oder de Risiko vun enger sozialer a berufflecher Ausgrenzung besteet.

Den ONE arrangéiert Ënnerstëtzungsmoossnamen op fräiwëlleger Basis, also op Demande oder mat der Zoustëmmung vun den Elteren. D’Elteren organiséiere mam Accord vun de Kannerhëllefsdéngschter d’Ëmsetzung an den Oflaf vun de Moossnamen.

Den ONE realiséiert och Ënnerstëtzungsmoossnamen, déi vum Geriicht decidéiert goufen, d.h.wann d’Moossnam vum Jugendriichter oder vum Parquet beschloss gëtt. Esou kann de Riichter entscheeden, wéi eng Moossnam den ONE huele muss, fir d’Wuel vum Kand kënnen ze garantéieren.

Den ONE ass och di zentral Plaz, bei der e Kand, e Jugendlechen, ee vu senger Famill oder e professionnelle Matarbechter direkt ka no Hëllef froen oder Informatioune kréien.

Mam Accord vun de Kanner- a Familljenhëllefsdéngschter bitt den ONE eng Hëllef un, déi mat der psychosozialer Noutlag vu Kanner, Jugendlechen an hire Famillen ofgestëmmt ass.

Leif Damen an Hären,

Mir äntwere gäre per Telefon vun Méindes bis Freides tëschent 8.30 an 12.30 an tëschent 13 an 17 Auer um 247 – 73696 an per E-Mail op den one@one.etat.lu fir Iech Informatiounen ze ginn oder en RDV ze proposéieren.

Wann Dir een vun eisen Mataarbechter wëllt an engem Gespréich gesinn, bieden mir Iech wéinst der aktueller Situatioun virdrun en RDV auszemaachen.

Villmools Merci fir Äert Verständnes.


 -----------------------------------------------------------------------------------------

D’Grondsätz vun der Konventioun fir de Schutz vun de Mënscherechter an de Grondfräiheeten, an d‘Grondsätz vun der Kannerrechtskonventioun vun de Vereente Natiounen bestëmmen d’Moossnamen, déi agesat ginn, fir d’ Kanner a di jonk Erwuessener a Nout sou wéi hir Famillen z’ënnerstëtzen.

Et läit am Intressi „vum Wuel vum Kand“ (Artikel 3 vun der Kannerrechtskonventioun), datt de nationale Kannerbüro (Office national de l’enfance“ – ONE), dee vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend verwalt gëtt an deen duerch d’Gesetz vum 16. Dezember 2008 als Kanner- a Jugendhëllef geschaf gouf, Ënnerstëtzungsmossnamen duerchféiert.

Eng Demande maachen

demand text bubble

Et ginn 3 Méiglechkeeten, Kontakt opzehuelen:

Duerch e Formulaire:

De Betraffene kann e Formulaire FG simplifié ausfëllen:

Dëse Formular kann nëmmen online erofgelueden an ausgefëllt ginn.
Sollt de Fichier net an ärem Browser opgoen, maacht weg e rietse Maus-Klick op de Link a klickt „“Sauvegarder le lien“ oder „Sauvegarder la cible sous“ an lued d ‘Dokument op äre Computer erof.

Eng Demande fir Hëllef oder eng ambulant Ënnerstëtzung (FG simplifié) maachen

Mat der schrëftlecher Demande gëtt en éischte Kontakt opgeholl tëscht dem ONE an deem, deen eng Hëllef ufreet resp. deem, deen dës Hëllef kritt. D’Demandeure gi sou séier wéi méiglech kontaktéiert, a si ginn dann un di zoustänneg Servicer fir Kanner a Famille vermëttelt oder zu engem Gespréich agelueden. Et gëtt en Interventiounsprojet opgestallt, wou di virgeschloe Hëllefsmoossnamen agebaut sinn. Dësen Interventiounsprojet gëtt an Zesummenaarbecht mat dem Kand oder dem jonken Erwuessenen oder deemjéinege senger Famill (oder deem sengem gesetzleche Vertrieder) entwéckelt.

Iwwert Telefon:

Vu Méindes bis Freides tëschent 8h30 an 12h30 an 13 bis 17 Auer, fir Informatiounen ze kréien oder e Rendez-vous op der Plaz auszemaachen:

(+352) 247-73696

Bei engem regionale Guichet vum ONE:

Déi regional Guicheten sinn all Dënschden Nomëtten vun 13 bis 17 Auer op awer JUST OP RDV.

Fir en RDV unzefroen rufft w.e.g ënnert der Nummer 247-73696 vun Méindes bis Freides tëschent 8.30 an 12.30  an tëschent 13 an 17 Auer un fir en RDV an engem  vun de 7 Guicheten ze kréien.

Fachleit (Psychologen, Sozialaarbechter an diploméiert Pädagogen) sinn an dëse Guicheten ze fannen, fir

  • Kanner (Jugendlecher) a hir Famillen ze treffen, fir d’Detailer vun der Hëllef ofzeklären, déi gebraucht gëtt

  • si un di zoustänneg Servicer weiderzeleeden, oder Hëllefsmoossnamen virzeschloen, déi vum ONE festgeluecht goufen.

Well eng vun den Haaptaufgaben vum ONE d’Präventioun an déi fréizäiteg Betreiung ass, kënne verschidde Persounen oder Servicer eng Hëllef ufroen:

  • d’Kand selwer;
  • de jonken Erwuessene selwer;
  • e Member aus senger Famill an aus sengem Ëmfeld;
  • e professionelle Mataarbechter;
  • iergendeng aner Persoun oder Instanz

Wann dir haaptberufflech an der Kanner- a Familljenhëllef schafft, kënnt Dir Iech um Pro Site informéieren.

All mannerjäreg Kanner a jonk Erwuessener (0- 27 Joer), déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, kënne vun den Hëllefsmoossname profitéieren.

Fir dës Hëllefen ze kréien, musse Kanner a jonk Erwuessener entweder:

  • Schwieregkeeten an hirer kierperlecher, geeschteger, psychescher oder sozialer Entwécklung hunn.
  • physeschen oder moralesche Geforen ausgesat sinn.
  • oder d’Gefor lafen, sozial ausgegrenzt ze ginn.

Virgeschloen Hëllefsmoossnamen

drawing-kids

Telefonsnummer „vermësste Kanner – Kanner a Nout“

D’Telefonsnummer 116 000 ass di eenzeg Nummer a ganz Europa, déi et fir vermësste Kanner a fir Kanner a Nout gëtt. D’Tatsach, datt et diselwecht Nummer a ganz Europa ass, hëlleft de Kanner an den Elteren a Nout, och Hëllef ze kréien, wa si ausserhalb vun hirem Heemechtsland sinn, wann z.B. hiert Kand verschwënnt wärend enger Vakanz mat der Famill.

De Service „116 000 vermësste Kanner-Kanner a Nout“ huet haaptsächlech als Aufgab, de Famille vun de vermësste Kanner nozelauschteren a si z’ënnerstëtzen. De Service hëlleft de Famillen, wann d’Kanner eng Kris maachen, wa Kanner a Lëtzebuerg oder am Ausland vun engem Elterendeel entféiert ginn, wa Mannerjäreger a jonk Erwuessener vermësst ginn an d’Famill staark beonrouegt ass. Dës Begleedung dauert sou laang, wéi d’Famill et wënscht.

Den 116 000 gëlt och, wa Jonker an enger psychsozialer Nout sinn. De Service kann hinnen eng Hëllef ubidden, wa si eng Kris maachen oder si ënnerstëtzen an hinnen Hëllef ubidden, fir eng weider Kris ze vermeiden.

Zu Lëtzebuerg gëtt de Service 116 000 organiséiert vum Office national de l’enfance (ONE), eng öffentlech Verwaltung vum Erzéiungs-, Kanner- a Jugendministère, an Zesummenaarbecht mat der Police.

Den 116 000 ass erreechbar 24 Stonnen/24, 7 Deeg/7. Jiddereen, deen den 116 000 wielt, kritt d’Méiglechkeet, wärend de Bürosstonnen Kontakt mat engem Mataarbechter opzehuelen, deen d‘Prioritéiten vun den Ophuelmoossname geréiert. Nuets, d’Weekender an d’Feierdeeg ass et d’Police, déi sech drëms këmmert. Di Verantwortlech um Telefon schwetzen di dräi Nationalsproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch) an Englesch. Den Uruff ass gratis.

All dringende Fall gëtt direkt behandelt, andeems den Uruff un e Spezialist weidergeleet gëtt op Basis vun engem schrëftleche Rapport. All Zeienausso gëtt direkt un d’Servicer vun der Police weidergeleet. Zu Lëtzebuerg gëtt de Service 116 000 vum ONE organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Police.

Den 116 000 ass erreechbar 24 Stonnen/24, 7 Deeg/7. Den Uruff ass gratis.

 

D’Haaptaufgabe vum 116 000

Famille wärend a no enger Vermësstemeldung begleeden an orientéieren

D’Roll vum „116 000 vermësste Kanner-Kanner a Nout“ besteet doranner, d’Famillen ze beroden, wat fir eng Schrëtt z’ënnerhuele sinn. Vu datt de Service op eng grouss Zuel vu Beroder kann zréckgräifen (Police, Magistraten, Ministèren, Servicer vum 116 000 aus aneren europäesche Länner, sozial Servicer …) Den 116 000 kann d’Famill reegelméisseg iwwert de Fortschrëtt vun Ermëttlungen informéieren, dëst am Intressi vun der Enquête. Den 116 000 kann och eng moralesch a psychologesch Ënnerstëtzung wärend der ganzer Enquête virschloen.

Soubal d’Kand oder de Jugendlechen erëm doheem ass, kann de Service 116 000 dobäi hëllefen, d’Bindung vum Kand mat den Elteren nei opzebauen, fir esou ze vermeiden, datt d’Kand eventuell nach eng Kéier fortleeft oder eng Kris mécht.

Famillen a Jugendlecher beroden an informéieren, déi an enger psychosozialer Nout sinn

D’Aufgab vum 116 000 besteet och doranner, Rotschléi de Famillen ze ginn, fir esou ze vermeiden, datt Kanner fortlafen. De Service kann tëscht Kanner an Eltere vermëttelen a kann de Kanner an de Jugendleche nolauschteren, déi an enger psychosozialer Nout sinn, an sou Léisunge fir hir Problemer fannen an z.B. eng Kris vum Kand vermeiden.

Schwiereg Situatiounen wéi Krankheet, Openthalt an enger Klinik kënnen d’Elteren dovunner ofhalen, sech momentan oder fir eng länger Zäit em hiert Kand ze këmmeren.

Wärend dëser Zäit kann d’Kand entweder an enger Betreiungsstruktur oder an enger Fleegefamill den Ëmstänn entspriechend opgeholl a betreit ginn.

En direkten Accueil wärend enger akuter psychosozial Kris

Ziler 

  • Kanner oder jonk Erwuessener, déi eng akut psychosozial Kris duerchmaachen an e strukturéierte Kader ophuelen, deen op hir Besoinen ofgestëmmt ass, dëst fir maximal 3 Méint. Dat kënnt a Fro, wann den Openthalt am eegene familiären Ëmfeld momentan net ze empfeelen oder onméiglech ass.
  • Kanner oder jonk Erwuessener drop virbereeden, wa si zréck an hiert familiäert Ëmfeld kommen oder wa si d’Méiglechkeet hunn, sech méi laang an enger Betreiungsstruktur opzehalen.

Zilgrupp

  • Kanner vun 3 Joer un, Jugendlecher a jonk Erwuessener, deenen hir Elteren eng Kris duerchmaachen an déi den Ënnerhalt, d’Betreiung an/oder d’Grondbesoinen vum Kand a vun dem jonken Erwuessenen net méi kënne garantéiere.

Déi dat ubidden

Accueil vu Kanner , déi manner wéi 3 Joer hunn

Ziler

  • Kanner fir eng begrenzten Zäit an enger Struktur ophuelen, déi hire Besoinen entsprécht.

  • Fërderung vun den allgemengen Kompetenze vun de Kanner wärend dëser Period.

  • D’Kanner drop virbereeden, wa si an hiert familiäert Ëmfeld zréckkommen oder wa si méi laang an enger Betreiungsstruktur oder an enger Fleegefamill bleiwen.

Zilgrupp

Kanner, déi manner wéi 3 Joer hunn, deenen hir Elteren momentan net an der Lag sinn, op hir Kanner opzepassen a sech net em d’Erzéiung an d´Grondbesoinen vun de Kanner kënne bekëmmeren.

Wien dat ubitt

E sozialpedagogeschen Ënnerdag, eventuell a Kombinatioun mat Heelpedagogik oder Psychotherapie (Institutiounen)

Ziler

  • Kanner a Jugendlecher an engem strukturéierten Ëmfeld ophuelen, dat un hir Besoinen ugepasst ass an hir Individualitéit respektéiert;
  • Kanner oder jonk Erwuessener a hirer Entwécklung begleeden an di Kanner a jonk Erwuessener so wäit wéi méiglech drop virbereeden, wa si an hiert familiäert Ëmfeld zréckkommen.

Zilgrupp

Kanner vun 3 Joer un, Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi mat sozialen a familiäre Schwieregkeete konfrontéiert sinn, an déi vläicht mat psychesche Schwieregkeete kämpfen, déi sech duerch hiert negatiivt Verhalen an duerch schoulesch Problemer weise kënnen, a wou d’Famillen et net packen, richteg ze reagéieren.

Wien dat ubitt

Servicer, déi Dag a Nuecht zur Verfüügung stinn, déi eventuell och mat Heelpedagogik kënne schaffen:
Servicer vun Dag a Nuecht, déi nëmme mat Heelpedagogik schaffen:
Servicer vun Dag a Nuecht, déi mat Psychotherapie schaffen
Opnam an e betreit Wunnen (SLEMO)

Zilgrupp

Jonk Mënschen, déi minimum 16 Joer a maximum 27 Joer hunn, an déi fäeg sinn, hiren Alldag deelweis kënnen ze bewältegen.

Ziler

  • Accueil vu jonke Mënschen an engem strukturéierten Ëmfeld, dat un hier Besoinen ugepasst ass, an dat fir eng begrenzten Zäit;
  • wärend dëser Zäit d’Entwécklung vun deene Jonke fërderen.

Wien dat ubitt

Ophuelen an engem spezialiséierte Centre am Ausland am sozialerzéieresche Beräich

Ziler

  • Kanner oder jonk Erwuessener, déi eng akut psychosozial Kris duerchmaachen, a wou et net empfeelenswäert resp.souguer onméiglech ass, an hirem familiären Ëmfeld ze bleiwen, an engem spezialiséierten Foyer am Ausland opzehuelen;
  • Kanner oder jonk Erwuessener drop virbereeden, wa si zréck an hiert familiäert Ëmfeld kommen oder wa si méi laang mussen am Center bleiwen.

Zilgrupp

Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener.

Wéi geet dat?

Fëllt dofir de Formulaire fir dat institutionellt Verfaren am Ausland aus (PDF, 243 KB) a schéckt e bei den ONE zréck.

Sozialpedagogeschen Accueil an enger Fleegefamill

Ziler

  • Eent oder méi Kanner an eng Famill ophuelen, déi net hir léiflech Famill ass;
  • e Kand, dat an enger psychosozialer Noutlag ass, an eng Famill ophuelen
  • de biologeschen Elteren d’Méiglechkeet ginn, un hiren Erzéiungskompetenzen ze schaffen.

Zilgrupp

Kanner a Jugendlecher, déi mat sozialen a familiäre Schwieregkeete konfrontéiert sinn a wou et net empfeelenswäert oder souguer onméiglech ass, an dësem familiären Ëmfeld ze bleiwen.

Betreiungsënnerstëtzung fir Fleegefamillen

Sozialpedagogesch Dagesbetreiung an engem heelpedagogeschen oder psychotherapeuteschen Heem

Ziler

  • en ugepassten a strukturéierte Kader an och eng ugepassten Erzéiung fir Kanner a Jugendlecher ubidden, déi nëmmen dagsiwwer do sinn, fir datt si sech sou gutt wéi méiglech entwéckelen an entfale kënnen;
  • Zum Schluss vun der Betreiung en ambulanten Service ubidden, fir d’Kanner, di jonk Erwuessener an hir Famillen ze ënnerstëtzen.

Zilgrupp

Kanner a jonk Erwuessener, déi en Dagesopenthalt néideg hunn, en vue vun enger intensiver Betreiung a Behandlung.

Wien dat ubitt

Ënnerstëtzung duerch en Interventiounscoordinateur („coordinateur de projet d’intervention“-CPI)

Fillt Dir Iech vun Ärer familiärer Situatioun iwwerfuerdert? Géift Dir gären dës Situatioun änneren, Dir wësst awer net, wou Dir sollt ufänken?

En CPI kann iech dobäi hëllefen, Ënnerstëtzungsmoossnamen z’arrangéieren, déi op Är Besoinen zougeschnidde sinn.

CPIs si Fachleit (Psychologen, Sozialaarbechter an diploméiert Pädagogen), déi am ONE schaffen an déi folgend Aufgaben hunn:

  • Si treffe Kanner a Famillen, déi eng Ënnerstëtzung ugefrot hunn, fir d’Detailer ze klären;
  • Si besiche Famillen an/oder begéine Jugendlecher an/oder Famillen an engem vun de regionale Guicheten;
  • Si stellen an Zesummenaarbecht mat dem Jugendlechen an deem senger Famill di Hëllefsmoossnamen op a si koordinéieren di Moossnamen tëscht der Famill an de verschiddene Mataarbechter am Secteur vun der Kanner- a Familljenhëllef
  • Si préiwen di Ënnerstëtzungsmoossnamen, déi decidéiert goufen, a schloen eventuell aner Ënnerstëtzungsmoossname fir, déi der familiärer Situatioun besser entspriechen.
Ënnerstëtzung duerch eng Aide-socio-familiale

Dir kënnt di dagdeeglech Aufgaben an der Famill net méi bewältegen?

Eng Aide-socio-familiale kann Iech dobäi hëllefen, di deeglech Aufgaben wéi Kanner versuergen an Hausaarbechte maachen, bis sech Är familiär Situatioun verbessert.

Wien dat ubitt

Service aide familiale (arcus asbl)

Ënnerstëtzung vun der Famill duerch eng psychesch, sozial oder pädagogesch Hëllef

Follegen Är Kanner Iech net méi?

Hu Dir Problemer, Iech als Papp oder Mamm duerchzesetzen?

Wësst dir net, wéi Dir Äre Kanner Grenze setzt oder wéi Dir si ënnerstëtze sollt?

Eng psychesch, sozial oder pädagogesch Ënnerstëtzung vun Ärer Famill duerch den ONE kann Iech dobäi hëllefen, Äntwerten op d’Besoinen vun de Kanner an de Jugendlechen an der Erzéiung ze fannen. (Kompromësser fannen, Reegele festleeën, konsequent sinn), an dat och am Beräich vun der perséinlecher Bezéiung ( Gefiller weisen a Léift kënnen ausdrécken, e Gefill vu Sécherheet a vu Beschütze kënne vermëttelen).

D’Familljenhëllef ënnerstëtzt Famillen a Jugendlecher an der dagdeeglecher Organisatioun vun hirem Liewen (Besoine nogoen, Betreiung, Struktur a Ritualer) a kläert d’Aufgaben an d’Responsabilitéiten vun alle Familljememberen. Doduerch kann di familiär Situatioun verbessert ginn, sou datt all Member seng Plaz an der Famill fënnt.

Wien dat ubitt:

Déngschter vum „Placement familial“ :

Psychologesch oder psychotherapeutesch Berodung

Är Kanner maachen eng schwiereg Zäit duerch? Si fille sech net wuel an hirer Haut? Bezéiungen an der Famill, zu Geschwëster oder zu anere si komplizéiert ginn?

Eenzel Berodungen oder eng länger Betreiung bei engem Psycholog/Psychotherapeut kënne bei perséinleche Schwieregkeeten, bei Bezéiungs- oder Verhalensstéierungen hëllefen.

Folgend Servicer bidde gratis Berodungen un:

CePAS - Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires

De CePAS bitt kuerz -a laangfristeg psychologesch an therapeutesch Berodunge fir Jugendlecher ab 12 Joer un, dat och fir hir Elteren a Famillen.

Berodunge gi bei Schoul-, Bezéiungs- oder perséinleche Problemer ugebueden.

Berodunge nëmmen op Rendezvous.

Kontakt : (+352) 247-75910

SePAS -  Service psycho-social et d’accompagnement scolaires

Dësen Service gëtt an all Lycée ugebueden. Psychologesch Entrevuen kënne séier an ouni Rendezvous ausgemaach ginn.

Kontakt: Direkt an der Schoul

Familljeplanung

D’Familljeplanung bitt bei perséinleche Problemer, Bezéiungsproblemer a sexuelle Problemer eng psychologesch Berodung un.

Kontakt: (+352) 48 59 76

Psychologeschen Déngscht fir Kanner a Jugendlecher, déi Affer vu Gewalt doheem sinn (Fraen a Nout).

Den Déngscht riicht sech u Kanner a Jugendlecher am Alter vun 3 bis 18 Joer, déi Affer vu Gewalt doheem sinn.

Kontakt: (+352) 26 48 20 50

Therapeuteschen Déngscht (Jugend-Solidaritéit)

Den therapeuteschen Déngscht bitt deene jonke Jugendlechen (13-18 Joer), déi legal an/oder illegal psychoaktiv Substanzen zou sech huelen, Ënnerstëtzung an och psychosozial an/oder therapeutesch Hëllef un.

Kontakt: (+352) 48 93 48

Alupse

Alupse bitt eng therapeutesch a psychologesch Berodung fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener bis zum Alter vun 21 Joer un, déi Affer vu physeschem, psycheschem oder sexuellem Mëssbrauch goufen oder eng traumatesch Situatioun erlieft hunn.

Alternativen – Centre de consultation pour enfants et adolescents victimes de violence (Fondation Pro Familia)

Den Center bitt eng psychologesch an therapeutesch Berodung fir Kanner a Jugendlecher un, déi Affer vu Gewalt an hirer Famill sinn.

Kontakt: (+352) 51 72 72 89

Di folgend Servicer bidden eng éischt gratis Berodung un. Duerno kann e finanzielle Beitrag gefrot ginn.

Service psychologique de Solidarité Jeunes

Psychologeschen Déngscht.

De Service bitt Berodunge fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener un.

Kontakt : (+352) 55 78 78 – 1.

Service de consultations psychologiques et thérapeutiques (ISIPSY/ Institut St. Joseph)

Psychologeschen Déngscht.

De Service bitt Berodunge fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener un.

Kontakt: (+352) 691 659 498 / (+352) 621 711 563

Centre thérapeutique Kannerhaus Jean (Croix-Rouge Luxembourgeoise)

Therapeuteschen Center

Den Center bitt therapeutesch Behandlungen am Fall vu Bezéiungs- a Verhalensstéierungen un. Kanner an Elteren.

Kontakt (+352) 27 55 63 30.

Psy-Jeunes

De Service bitt Berodunge fir Jugendlecher a jonk Erwuessener un.

Kontakt: (+352) 2755-630

La Main Tendue

De Veräin bitt Berodunge fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener un.

Kontakt : (+352) 26 50 23 39.

Psychologesch a psychotherapeutesch Berodungen "Berodungsdéngscht" (Arcus)

De Service bitt Berodunge fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener un.

Kontakt : (+352) 49 53 46 – 1.

Centre de consultation et de médiation familiale (Fondation Pro Familia)

Familljeberodungs- a Meditatiounszentrum.

Den Déngscht bitt Berodunge fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener un, déi a familäre Schwieregkeete sinn (Trennung, Scheedung vun der Elterekoppel), awer och wa si Bezéiungs- a perséinlech Problemer hunn.

Kontakt : (+352) 51 72 72 – 31.

Erzéihungs-a Familjeberodung (AFP-Solidarité)

De Service bitt Berodunge fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener un.

Kontakt : (+352) 46 000 41.

Psychologeschen Déngscht AFT (EPI)

De Service bitt Berodungen fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener un.

Kontakt: (+352) 26 35 29 13 – 30.

Wien dat ubitt

Ënnerstëtzung duerch eng fréi heelpedagogesch Erzéiung, duerch Psychomotorik, Ergotherapie oder Sproochtherapie.

Kräischt Äre Bébé vill? Schléift hie nuets net? Huet Äert d´Kand Problemer, sech eleng unzedinn oder ouni Hëllef z’iessen? Schéngt et Iech ongeschéckt ze sinn? Ass et dacks opgereegt oder schéngt et am Géigendeel, ze roueg ze sinn? Ass et an der Sproochentwécklung oder beim Léiere vun der Schrëftsprooch hannendran?

Ënnerstëtzung duerch eng fréi heelpedagogesch Erzéiung, duerch Psychomotorik, Ergotherapie oder Sproochtherapie kann dozou bäidroen, di individuell Besoinen vun Ärem Kand ze erfëllen, seng Entwécklung ze fërderen an den Echec an der Schoul an am Sozialen ze vermeiden.

Wien dat ubitt

Fréi heelpedagogesch Erzéiung.

Wie vum ONE bitt dat un

Anerer, déi dat ubidden.

Psychomotorik an Ergotherapie.

Wie vum ONE bitt dat un

Anerer, déi dat ubidden.

Logopädie

Wie vum ONE bitt dat un

Anerer, déi dat ubidden.

Froen, déi dacks gestallt ginn (FAQ)

Wéi gëtt een eng Fleegefamill?

Är Kanner si schonn erwuessen an Dir géift engem Kand gären e flott, stabilt, séchert an häerzlecht Ëmfeld bidden?

Oder géift Dir gären Är Famill erweideren an zu engem Kand eng Bezéiung opbauen, déi fir d’Kand an och fir Iech eng Beräicherung ass?

Oder Dir hutt keng Kanner, awer Dir hutt Zäit a Plaz, e Kand opzehuelen an et a sengem Rhythmus bei senge Fortschrëtter ze begleeden?

Den ONE ass ëmmer op der Sich no neie Fleegefamillen, déi bereet sinn, sech fir d’Wuel vun engem Kand a senger Famill z’engagéieren.

Fleegefamill ze sinn bedeit, sech flexibel an tolerant ze weisen an och mënschlech Wäermt wéi och erzéieresch Kompetenzen ze weisen, fir dem Kand di néideg Sécherheet ze ginn, fir sech weider z’entwéckelen.

Fleegefamill ze sinn heescht och, et als e perséinleche Projet ze gesinn, engem Kand e neit Doheem ze bidden.

E Kand doheem ophuelen heescht, him e mënschlecht waarmt an erzéierescht Ëmfeld bidden, wou all seng Besoine berécksichtegt ginn. D’Kand muss och d’Méiglechkeet hunn, Bezéiungen zu senge leiflechen Elteren oprecht z’erhalen an/oder se erëm opzebauen.

Weider Informatiounen

Wou sinn d’Rechter vun den Elteren, wann d’Kand muss geriichtlech ënnerbruecht ginn?

Wat passéiert, wann Äert Kand an engem spezialiséierten Foyer oder an enger Fleegefamill ënnerbruecht gëtt?

Äert Kand ass elo an engem sozialen Foyer oder an enger Fleegefamill ënnerbruecht. Dësen Foyer/dës Fleegefamill ass en Deel vun engem Betreiungsnetz fir Kanner a Famillen. Dës Hëllef, och bekannt ënnert dem Numm AEF („aide à l’enfance“), setzt sech aus enger Rei vu Servicer zesummen, déi Kanner an hir Famillen a psychosoziale Noutsituatiounen hëllefen.

Wann Äert Kand elo an enger AEF-Struktur ënner Dach kënnt, frot Dir Iech bestëmmt, wat mat Ärem Kand an Iech als Eltere geschitt? Alles hängt vun der Form vum Accueil vun Ärem Kand of: Geschitt e fräiwëlleg oder huet d’Geriicht dat decidéiert?

Den Accueil gëllt als fräiwëlleg, wann en op Ufro vun den Elteren oder mat deenen hirer Zoustëmmung erfollegt.
D’Eltere behalen d’Méiglechkeet, zesumme mat de Servicer vun der Kannerhëllef den Oflaf an och de Retour vum Kand an d’Famill z’organiséieren.

Den Accueil gëllt als vum Geriicht ordonnéiert, wann e Jugendriichter oder de Parquet decidéiert huet, d’Kand enger Fleegefamill oder engem Foyeram Déngscht vun der AEF unzevertrauen.

Je no Situatioun vum Kand an der Famill kann Äert Kand a verschiddene Strukturen ënner Dag kommen:

Noutopnam (AUSC/FADEP)

Et handelt sech ëm en éischten Accueil an engem dofir spezialiséierten Foyer.Wärend dem Openthalt vum Kand gëtt kontrolléiert, ob et an enger Fleegefamill oder an engem spezialiséierten Foyer ënnerbruecht gëtt oder zréck an d’Famill kënnt.

D’Fleegefamill

D’Fleegefamill ass eng Famill, déi vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend kontrolléiert gëtt. Si bitt de Kanner e familiäert Ëmfeld, ouni allerdéngs di biologesch Elteren z’ersetzen.

De Centre d’accueil

E bitt e kollektive Familljekader mat klengen Unitéiten vu 6 bis 10 Kanner un, déi deeselwechten Alter oder verschiddenen Alteren hunn, mat oder ouni Geschlechtstrennung.En Team vu Fachleit begleet si an hirem dagdeegleche Liewen (Schoul, Fräizäit, Gesondheet).

Um Ufank vum Openthalt gëtt mat den Elteren en „Opnamevertrag“ ënnerschriwwen. Dëse Vertrag bestëmmt niewent de Servicer, déi d’Kand wärend sengem ganzen Openthalt kritt, och d’Ziler vun der Betreiung am Alldag.

Kanner kommen am allgemengen an engem Centre d’accueil a Lëtzebuerg ënner Dag. Si kënnen awer och an engem Centre d’accueil am Ausland opgeholl ginn, wann d’Betreiung a Lëtzebuerg net ka garantéiert ginn, wann een di spezifesch Besoinen vum Kand berécksiichtegt.

An all Centre d’accueil ginn d’Elteren informéiert iwwert di intern Virschrëften vum Center a kréien och d’Kontaktdonnéeë vum Chef de Service oder vum Mataarbechter, dee fir d’Kand zoustänneg ass.

Wéi eng Entscheedunge kënnt Dir weiderhin fir Äert Kand treffen?

Verschidden Actiounen am deegleche Liewe vun Ärem Kand gi vum Foyer oder vun der Fleegefamill entscheet. Dëst geschitt ëmmer am Intressi vum Kand. D’Mataarbechter beméien sech, Iech z’informéieren an di verschidde Moossnamen z’erklären, an Iech so wäit wéi méiglech un den Entscheedungen ze bedeelegen.

Di Entscheedungen, vun deenen Dir konkret betraff sidd:

Dir gitt wa méiglech gebieden, Ären Accord bei alle (net gewéinleche) Situatiounen ze ginn, déi Iech als Eltere betreffen: Zoustëmmung bei chirurgeschen Agrëffer, medezinescher Versuergung, Choix vun der Schoul, Ausbildungsvertrag, ...)

Dir plangt zesumme mat de Mataarbechter, déi Är Kanner betreien, Visitte bei Äre Kanner, a Weekender, déi Äert Kand an Ärer Famill verbréngt. Den definitiven Zäitpunkt, wou Äert Kand zréck an d’Famill kënnt, muss vum Jugendgeriicht decidéiert ginn, am Fall, wou iwwert d’Geriicht d’Opnam festgeluecht gouf.

Dir gitt ëm Är Meenung gefrot, wann et drëms geet, wouhin Äert Kand geet, wann et de Foyer muss wiesselen.

Dir gitt gebieden, den Interventiounsprojet vun Ärem Kand z’ënnerschreiwen, dee vun de Mataarbechter festgeluecht gouf, fir di passend Hëllefsmoossnamen fir Äert Kand a Äer Famill ze kréien.

Dës Lëscht ass net onbedéngt vollstänneg, mee si soll Iech en Iwwerbléck iwwert di Entscheedunge ginn, déi Dir weiderhin als Elteren treffe kënnt. Fir weider Informatioune went Iech w.e.g. un di Persoun, déi fir Äert Kand bei der Opnam zoustänneg ass.

Teams, déi fir Iech do sinn:

Wat Foyeren a Fleegefamille betrëfft:

Wann Äert Kand opgeholl gëtt, bleiwen d’Mataarbechter vum Foyer oder d’Mataarbechter, déi zoustänneg sinn, fir de Kontakt mat der Fleegefamill ze halen, op Wonsch mat Iech a Kontakt. Fäert net, Kontakt mat hinnen opzehuelen, wann Dir Froen zu Ärem Kand oder zu Ärer Familljesituatioun hutt.

Wat de nationale Kannerbüro (ONE) betrëfft:

Den ONE huet d’Aufgab, Famillen a soziale Noutsituatiounen z’ënnerstëtzen an och Kanner ze betreien, déi vun hiren Elteren oder op Uerder vum Jugendgeriicht vermëttelt goufen. Di verschidde Moossname gi virun allem vum ONE finanzéiert. D’Eltere kënnen och un de Käschte bedeelegt ginn.

Wann Dir Froen zu der Betreiung vun Ärem Kand hutt oder wann Dir eng Ënnerstëtzung an Ärem Familljeliewe braucht, kënnt Dir Iech un den ONE wenden. E Mataarbechter aus der Kannerhëllef steet Iech gären zur Verfügung.

Als Elteren hutt Dir och d’Recht, en Abléck an d’Dossieren vun Ärem Kand beim ONE ze hunn, besonnesch wat di administrativ a sozialpedagogesch Dokumenter ubelaangt, déi a sengem perséinlechen Dossier archivéiert sinn. No enger schrëftlecher Demande gëtt vum ONE en Termin proposéiert. Wärend dësem Treffen steet Iech e Mataarbechter vum ONE zur Verfügung, deen Iech beim Liese vum Dossier hëlleft an Iech eventuell Froe ka beäntweren.

Wann et sech ëm eng geriichtlech Opnam handelt, hu Dir an/oder Ären Affekot d’Recht, an den Dossier ze gesinn, dee beim Jugendgeriicht deposéiert ass.

Wat maachen, wann Dir mat enger Entscheedung iwwert d’Opnam vun Ärem Kand net averstane sidd?

  • Wann Dir fannt, datt Dir schlecht betreit gitt, oder wann Dir Iech net genuch ënnerstëtzt fillt, wat Ären Ëmgang mat dem Foyer betrëfft, wou Äert Kand ënnerbruecht ass, oder mat dem Service, deen Äert Kand betreit;
  • Wann Dir d’Gefill hutt, datt Är Rechter als Elteren oder déi vum Kand verletzt ginn;

Dann hu Dir d’Méiglechkeet, Iech un den ONE ze wenden, deen Iech an Ärer Situatioun kann ënnerstëtzen, ob et ëm eng fräiwëlleg Opnam geet, oder ëm eng Opnam, déi geriichtlech ordonnéiert ginn ass. E Mataarbechter vum ONE, dee fir den Dossier vun Ärem Kand verantwortlech ass, kann Iech hëllefen an Iech erklären, wéi di Opnam ofleeft.

Wann et ëm eng Entscheedung vum Jugendgeriicht oder vum Parquet geet (provisoresch Moossnam fir d’Suergerecht oder Veruerteelung), kënnt Dir als Famill, an där d’Kand gebuer gouf, geriichtlech Schrëtter aleeden.

  • Am Fall vun enger provisorescher Moossnam fir d’Suergerecht an Appell beim Jugendgeriicht goen, no dem Artikel §27 vum Jugendschutzgesetz;
  • Dir kënnt no dem Artikel §37 vum Jugendschutzgesetz eng Ännerung oder d’Annuléierung vun der betreffender Moossnam ufroen;
  • Dir kënnt Iech vun engem Affekot berode loossen.

Wat muss ee maachen, fir un de perséinlechen Dossier ze kommen?

No dem Artikel 7 vum Gesetz iwwert d’Kanner- an d’Familljenhëllef, dat de 16.Dezember 2008 ugepasst gouf, kann d’Kand, dat schonn uerteelsfäeg ass, a seng Elteren déi Ënnerlagen ukucken, déi beim ONE agereecht goufen, besonnesch di administrativ an di sozialpedagogesch Dokumenter, déi a sengem perséinlechen Dossier archivéiert sinn.

Den Demandeur brauch kee berechtegten Intressi weisen an ass och net verflicht, seng Demande ze begrënnen. Di schrëftlech Demande, fir sech den Dossier unzekucken, muss folgend Donnéeën enthalen: Familljennumm (Gebuertsnumm), Virnumm, d’Stad oder d’Duerf, wou e gebuer ass, an Kontakdonnéeë vum Demandeur.

D’Demande ass ze riichten un:

 

Office national de l’enfance

Pascale Arend
Chargée de Direction

3-5, rue Auguste Lumière
L-1950 Luxembourg

E-mail : one@one.etat.lu
Fax : (+352) 24 77 36 – 99

 

E Rendezvous gëtt vum ONE virgeschloen. E Mataarbechter vum ONE steet dem Demandeur zur Verfügung, fir him beim Liese vum Dossier ze hëllefen. Den Demandeur muss fir dat Gespréich seng Carte d’identité matbréngen.

Neiegkeeten

Parents et enfants
30/08/2019
Bien que la motivation principale dans les trois cas de figures soit de veiller avant tout au bienêtre de l’enfant, il subsiste néanmoins…
femmes et fille
30/08/2019
Vous n’avez pas d’enfants mais vous avez le temps et de la place pour accueillir un enfant et l’accompagner dans ses progrès à son rythme…
enfant triste
30/08/2019
L’Office national de l’enfance (ONE) est une administration du Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse. L’ONE…